Bëschbränn

Feier bei Bordeaux: D'Lëtzebuergerin Dina Feller huet hiert Doheem misse verloossen

Zënter Jore wunnt d'Dina Feller zu Le Porge bei Bordeaux. D'Lëtzebuergerin huet elo missen hiert Doheem verloossen, well de Bëschbrand een Deel vum Duerf zerstéiert huet.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© EPA/JULIEN REGUL play_arrow
(Foto: EPA/JULIEN REGUL)

Op der Flucht wier et chaotesch zougaangen, beschreift d'Dina Feller. 

"Op eemol ass einfach nëmme méi Opreegung. Alleguer sëtze si an den Autoen an alleguer wëlle si fort." 

"Déi Gefiller sinn iwwerwältegend" 

Natierlech géif et dann zu Stau kommen. 

"Vun deenen dräi an eng hallef Stonn si bestëmmt 150 CRSen, Pompjeeën, Ambulanzen, Police, laanscht mech gefuer. Wou ech geduecht hunn: 'Wou fuert dir hin? Wéi komme mir hei eraus?' Déi Gefiller, déi sinn iwwerwältegend. Dat do ass richteg, richteg ellen." 

Ufanks hat et nach geheescht et misst ee sech wéinst dem Bëschbrand, deen nei an der Regioun entflaamt war, keng Suerge maachen, seet d’Dina Feller. Op eemol ass et ganz séier gaangen.

"Einfach nëmmen eraus, eraus" 

Matten an der Nuecht koum d’Warnung a si huet hiert Doheem misse verloossen.

"Ech sinn elo vun dem Mëttwoch op den Donneschdeg ënnerwee, ech hu just agepaakt, eng laang Box, eng kuerz Box, zwee T-Shirten an e Pullover a meng Medikamenter a meng Kazen. Soss hunn ech einfach näischt matgeholl. Et ass einfach nëmmen: raus, raus."

D’Awunner:inne vu Le Porge missten dunn iwwer e Bëschwee an dat nächst Duerf fueren. Vun do aus goufe si fir d’Nuecht a Sportshalen an a Festsäll an der Géigend ënnerbruecht.

D’Dina Feller konnt awer net do bleiwen, well si nëmmen eng vun hiren zwou Kazen an engem Kuerf hat. Zu hirem Gléck huet sech dunn awer e Frënd gemellt, deen hir offréiert huet, bei him zu Andernos-les-Bains, wat eng Dräivéierelsstonn wäit ewech läit, ze iwwernuechten.

"Freideg ëm zwielef Auer ass den Alarm op eisem Telefon gaangen, mir missten dann Andernos verloossen. Do si mir vun do aus an dat nächst Duerf eragaangen, also an déi puer Dierfer méi wäit. Do ware mir zwou Stonnen, do ass do den Alarm gaangen."

"Esouguer 170 Kilometer méi wäit war Damp" 

Alles wier orange gewiescht, et hätt ee just nach Wolleken an Damp kënne gesinn. Och d'Ootme wier hir schwéier gefall, esou d'Dina Feller. Dunn huet si d’Decisioun getraff, eng Sortie ze huelen an en anere Wee ze probéieren. Ënnerwee ass si enger Fra begéint, déi si bei sech heem invitéiert huet fir do kuerz eng Kéier duerchzeootmen. 

"A vun do aus sinn ech dunn an d'Dordogne gefuer. Dat heescht, ech sinn 170 Kilometer gefuer. Ech war dunn e Freideg de Moien um hallwer véier hei, an e Samschdeg si mir hei opgestanen, souguer hei 170 Kilometer méi wäit war Damp. Also et huet gericht, et war onméiglech."

Bis elo ass der Dina Feller hiert Doheem zu La Porge nach onbeschiedegt bliwwen. Aner Leit hate leider net déi Chance.

Eng jonk Famill, déi d’Dina Feller kennt, huet wéi vill anerer hiert Doheem verluer.

"D'Solidaritéit ass ganz grouss" 

An dëser Kris hätt sech awer och eng immens Solidaritéit ënner de Leit gewisen, seet d’Dina Feller.

"D'Solidaritéit ass ganz grouss an do sinn och elo Leit, déi offréiert hunn, well mir ganz vill Locatiounen an eisem Domaine hunn an do sinn awer elo schonn d'Proprietären, déi gesot hunn, déi Madamm, déi soll bei eis erakommen, si kann esou laang bei eis wunnen, wéi mir wëllen, mir verlounen dann de Chalet net, an déi Famill, déi kéint da bei eis wunnen." 

Fir d’Dina Feller geet et elo weider bis an d’Bretagne, wou si bei Frënn ënnerkënnt. An dann heescht et waarden op nei Instruktiounen – an op Nouvellen, ob hiert Doheem vum Feier verschount bliwwen ass.

Lauschterenplay_arrow