Bei Biscarosse am Departement Landes däerfe ronn 15.000 Leit nees heem goen. D'Feier wier do fixéiert a géif sech den Ament also net méi ausbreeden, sot de President Emmanuel Macron gëschter op Visitt bei den Asazkräften an der Gironde.
Do wier d‘Feier, dat ronn 15 Kilometer vu Bordeaux ewech ass, zum Deel stabiliséiert, mee nach ëmmer ganz virulent, esou de franséische President.
Wéinst de waarmen Temperaturen déi elo komme misst een nees mat Ausbréch vun de Flame rechnen, sot de Chef vun de lokale Pompjeeën.
Op der ibeerescher Hallefinsel ass d'Lag nach ëmmer eescht
A Spuenie bleift d‘Situatioun vum Feier an der Géigend vu Madrid ganz geféierlech, esou déi lokal Pompjeeën. No enger liichter Entspanung wéinst méi favorabele Wiederkonditiounen ass och Spuenie mat enger neier Hëtztwell konfrontéiert.
Och a Portugal brennt et. E puer Feiere goufe gëschter am Norden an Zentrum vum Land deklaréiert. Méi wéi 1.000 Pompjeeë sinn do am Asaz.