D’Feier am Departement Gironde breet sech weider aus a beweegt sech a Richtung Bordeaux. Och am Departement Landes, südlech vu Bordeaux brennt et. D'Flamen hunn hei schonn 3.500 Hektar zerstéiert.
Envergure ass enrome
Wann een an d'Vakanz fiert, soll een e Bou ronderëm d’Gironde maachen, fir d’Stroosse fir d’Secouriste fräi ze loossen. Dat réit de franséischen Transportministère op hirem Sitte Bison fûté.
Duerch déi schro Bränn am Südweste vu Frankräich hunn am Ganze schonn iwwer 140.000 Leit hir Haiser misse verloossen - e Rekord. D'Flamen hunn elo scho ronn 30.000 Hektar Land zerstéiert. Dat ass ongeféier dräimol d’Fläch vun der Stad Paräis.
Hëllef aus der EU a vun der franséischer Arméi
Fir doriwwer ze bedroe wéi een de Flamen am Südweste vum Land ka Meeschter ginn, war déi franséisch Regierung gëschter fir eng Krisesëtzung zesumme komm. An eng éischt Mesure gouf festgehalen, datt 1.000 Zaldoten an Zaldotinnen an der Regioun agesat solle ginn, fir déi lokal Pompjeeën ze ënnerstëtzen.
Och Läschfligeren aus der EU sinn a Frankräich am Asaz fir de lokalen Autoritéiten ze hëllefen. Haut sollen ënner anerem nach Läschfligeren aus Kroatien a Portugal an der Regioun antreffen, fir géint d’Flamen ze kämpfen.
Donieft ginn 1,5 Milliounen FFP2-Maske geliwwert, fir d’Bevëlkerung virum Damp ze schützen.