D‘Feier an der Géigend vu Valencia am Oste wier iwwerdeems nach ëmmer net am Grëff. Iwwer 16.000 Awunner:inne goufen do evakuéiert, iwwer 65.000 dierfen net vun doheem eraus, esou déi lokal Autoritéiten.
De franséische staatleche Wiederdéngscht Meteo-France huet haut confirméiert, datt och Frankräich vu muer un eng nei Hëtztwell erlieft. Um Pic e Mëttwoch géif mat bis zu 40 Grad am Südweste gerechent ginn.
De franséische President Emmanuel Macron reest am Nomëtteg an den Departement Gironde, ënner anerem fir d‘Asazkräften ze treffen, déi géint de Bëschbrand do kämpfen. Dat mellt den Elysée.
Nächst Hëtztwell wäert d'Situatioun verschäerfen
D‘Bëschbränn am franséischen Departement Gironde wiere "stabil", mee nach net "fixéiert", esou de franséischen Inneminister Laurent Nunez. Dat heescht, de Brand huet sech an der Nuecht net weider ausgedeent, ass awer nach net ganz am Grëff.
De Brand huet schonn iwwer 42.000 Hektar verwüüst. Och am Departement Landes südlech vu Bordeaux hätt de Brand sech net weider ausgebreet, esou d‘Autoritéiten. Et kéint awer "e puer Wochen oder esouguer e puer Méint" daueren, bis e ganz geläscht wier, esou ee Responsabele vun de Pompjeeën géintiwwer FranceInfo. An d‘Hëtztwell géif d‘Lag verschäerfen an d‘Zuel vun den Asätz erhéijen.