Et wier een awer op dee Zenario virbereet, esou de Buergermeeschter vu Bordeaux.
De franséische President Emmanuel Macron huet fir de Méindegmoien eng Krisecellule zesummegeruff. Vu muer un ass eng weider Hëtztwell gemellt. MeteoFrance huet bis zu 40 Grad fir verschidde Regioune gemellt.
Och a Spuenie breet sech d'Feier weider aus
A Spuenien ass d‘Feier an der Regioun ronderëm Madrid och nach ëmmer net ënner Kontroll. D‘Pompjeeën hunn awer kleng Fortschrëtter gemellt. Déi spuenesch Ministesch fir d‘ekologesch Transitioun Sara Aagesen sot, et wier dat schlëmmste Feier an der rezenter Geschicht vu Spuenien.
Lauschtert hei den Update vun eisem Frankräich-Korrespondent Max Tholl