Hënt koum den Opruff vun der Prefekture, fir 55.000 weider Persounen aus Gemengen no bei Bordeaux ze evakuéieren. Bis elo sinn duerch déi schro Bränn och scho ronn 140 Haiser de Flamen zum Affer gefall.
Tour de France gekierzt
Am fréien Owend ass haut déi 21. a lescht Etapp vum Tour de France. Dës gouf op 89km verkierzt, well wéinst de Bëschfeieren am Südweste vu Frankräich Polizisten an Zaldoten dohin ofgezu goufen.
Bëschbränn a Spuenien
A Spuenien ass eng Persoun duerch e Brand no bei Valencia ëm d’Liewe komm. Fir d’Regioune Madrid an Avila gëllt iwwerdeems den Noutstand. Eng 60.000 Leit hunn hir Haiser misse verloossen.
A Spuenie stinn d’Zeechen awer éischter op Entspanung. De Wand ass manner staark wéi déi Deeg virdrun, d’Loftfiichtegkeet ass erop- an d’Temperatur erofgaangen, esou datt sech d’Feiere manner séier verbreet hätten.