Dem Mendelssohn säi Concert, op.64 ass weltwäit bekannt a gehéiert zu deene meeschtgespillte Geieconcertoen. Säi Concerto a Ré mineur fir Gei a Sträichorchester, e fréit Wierk vum däitsche Romantiker, gëtt allerdéngs wéineg opgeféiert. Béid Kompositioune kléngen och, wéi wa se aus ënnerschiddlechen Epoche wieren.
Deen 29 Joer alen tierkesch-aserbaidjanesche Geiist Elvin Hoxha Ganiyev huet béid Concertoe vum Mendelssohn mat der Württembergischen Philharmonie Reutlingen opgeholl. Dem jonke Solist seng Interpretatioun ass gepräägt vun artistesche Spillereien an enger eleganter Interpretatioun. Et ass eng Produktioun, déi dem Mendelssohn senger Virtuositéit a senger Eleganz gerecht gëtt, an dem Nolauschterer an der Nolauschterin trotzdeem eng nei Vue op dem däitsche Romantiker seng Stilistik erlaabt.