“Ode to Mother Nature” ass der Sylvia Huang hiren drëtten Album, an deen éischte mam Pianist Boris Kusnezow. Heirop fënnt een nieft Grieg, Ysaÿe a Rautavaara awer och nach Wierker vu Boulanger a Pépin, esou wéi och wonnerschéi verstoppte Pärele vu Pejacevic an Dupont.
D'Natur steet bei dësem Album am Vierdergrond, souwuel wat de Programm betrëfft mee och am wuertwiertleche Sënn. Well fir all verkaaften Album gëtt een Euro un de WWF fir den Aarteschutz ze ënnerstëtzen.
D'Sylvia Huang an de Boris Kusnezow stellen hei allen zwee hir grouss Konscht vum Kammermuseksspill ënner beweis, an d'Carole Mallinger stellt hiren Album vir.