D’Fluggesellschaft Qatar Airways huet rezent den neie “Boarding-Soundtrack” virgestallt, also déi Musek déi d’Leit wärend dem Eraklammen an de Fliger héieren. An dës Téin komme vum bekannte Komponist Hans Zimmer.
Fir d’“Burgundy Symphony” huet hien deemno fënnef Melodien ausgeschafft, déi eng musikalesch Rees duerstellen.
“Dawn”, “Dusk”. “The Orchard”“Homecoming” an “An Ode to Qatar” sinn déi fënnef Melodië betitelt. Dobäi zitt et een thematesch och an de Katar oder bei de Flughafen Hamad International zu Doha.
Déi komplett Längt vum Wierk ass 30 Minutten a gouf deemno och op engem Erëffnungsconcert de 6. November zu Doha presentéiert. Zënterhier ass d’Musek dann och u Bord vun de Qatar-Airways-Maschinnen ze héieren.
“Music and flight have two things incommon – they have to move to exist", sou den Hans Zimmer.