Déi spuenesch Volleksmusek am Stil vum Manuel de Falla: Se kléngt traditionell, leidenschaftlech, faarwefrou. Mol mat andaluseschem Gitarreflamenco, mol klassesch am sinfoneschen Orchesterklang.
Seng Aflëss kritt en a fréie Joren. Seng Mamm gëtt him éischt Coursen, spéider mécht hien ee Museksstudium, obwuel ee Moment souguer eng literaresch Karriär am Raum steet.
Spéiderhin ass hien impressionistesch a neoklassizistesch ënnerwee. Dat läit wuel un der perséinlecher Decisioun, op Paräis ze plënneren. Hie léiert den Isaac Albéniz, de Claude Debussy oder och de Paul Dukas kennen. A seng Musek verännert sech: Hie léiert verstoen, méi reng a kloer ze komponéieren.
De Manuel de Falla spillt Piano, kritt d’Basics vum Felipe Pedrell an der Kompositioun bäibruecht. An deen ass et och, dee seng Passioun fir déi spuenesch Musek beräichert an him un d’Häerz leet.
Hien ass immens gleeweg, lieft an den 1920er Joren an engem klengen Haus zu Granada an der Stad Alhambra. Hie komponéiert am Verglach zu anere Museker net vill Wierker, knapps iwwer 50 Kompositiounen. De Manuel de Falla ass staark perfektionistesch, lieft streng gleeweg a fir sech zréckgezunn.