Zënter 2012 am Haus aktiv, war d’Stéphanie Neiers bis am Fréijoer 2026 fir d’Leedung vum Kulturhaus Nidderaanwen zoustänneg. Elo gouf dann hiren offizielle Successeur public gemaach. Ab dem 15. September gëtt den Giovanni Trono neien Direkter.
De Verwaltungsrot vun der ASBL Kulturhaus Nidderaanwen hätt sech fir den Giovanni Trono entscheet. Hie soll gutt Kenntnisser an der Lëtzebuerger Kulturlandschaft an eng international Erfarung matbréngen a gutt Connexioune schléisse kënnen.
Rezent war den Giovanni Trono Head of Music bei Kultur LX an huet sech zu engem groussen Deel ëm d’Budgetspläng, international Relatiounen an d’strategesch Ausriichtung vum Museksdepartement gekëmmert, esou d’Kulturhaus Nidderaanwen am offizielle Schreiwes.
Elo géif den Giovanni Trono d’Kulturhaus Nidderaanwen als, Zitat, “Plaz fir Experimenter weiderentwéckelen, mat engem staarke Fokus op artistesch Qualitéit, d’Ënnerstëtzung vun der lokaler Zeen an den internationale kulturellen Austausch”.