Dat sinn d'Highlighte vun de BBC Proms 2026

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D'Proms vun der BBC si wuel eng vun de bekanntste weltwäite Concertsreien iwwer de Summer. Zu London a virun allem an der prestigiéiser Royal Albert Hall kann een dëst Joer iwwer 8 Woche laang eng Rei Highlighten erliewen. D'BBC Proms si vum 17. Juli bis den 12. September 2026.

Insgesamt waarden dëst Joer 86 Veranstaltungen op de Public, dee mam Programm vun der First Night of the Proms, also dem Erëffnungsconcert de 17. Juli, direkt mam Theema "Amerika" a Kontakt kënnt. D'BBC Singers, hire Sinfonieorchester a Chouer ënner der Dalia Stastevska presentéiere Wierker vu Gershwin, Copland an och Ravel zesumme mam Yunchan Lim um Piano an dem Tenor Thomas Atkins. Freeën dierf ee sech dann och op eng Uropféierung.


De roude Fuedem vun dësen BBC Proms ass kloer den 250. Jubiläum vun der US-Onofhängegkeetserklärung. An deem Kader wäerten de Gustavo Dudamel a säi Los Angeles Philharmonic no knapp 25 Joer fir direkt zwou Proms zeréck op London kommen! Grad esou sinn den Debut vum MET Orchestra aus New York ënner dem Yannick Nézet-Séguin an déi amerikanesch Dirigentin Marin Alsop op Besuch.

Mee och den 90. Gebuertsdag vum Steve Reich steet am Mëttelpunkt vun de Proms 2026. Hie kritt direkt zwou Proms programméiert.


Weider Highlighte si fir eis dann och d'Optrëtter vun de Pianistinne Martha Argerich an d'Yuja Wang, wéi och de Berliner Philharmoniker ënner dem Kiril Petrenko mat den “Enigma Variatioune” vum Edward Elgar, wéi der 4. Sinfonie vum Tschaikowsky.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Dat sinn d'Highlighte vun de BBC Proms 2026 | © Mark Allan

Dat sinn d'Highlighte vun de BBC Proms 2026

D'Editioun 2026 vun de BBC Proms steet am Zeeche vun der amerikanescher Musek am Kader vum 250. Joresdag vun der Onofhängegkeetserklärung. Mat weidere flotten Iwwerraschungen
headphones

3 min

play_arrow
D'Joana Mallwitz verlängert bis 2033 beim Konzerthaus Berlin - Ee Portrait | ©  Simon Pauly

D'Joana Mallwitz verlängert bis 2033 beim Konzerthaus Berlin - Ee Portrait

D’Joana Mallwitz gehéiert zu den aktuell talentéiertsten Dirigentinnen hirer Zäit. Elo huet si hire Kontrakt als Chefdirigentin vum Berliner Konzerthaus verlängert.
headphones

3 min

play_arrow
De Gustavo Dudamel ass bei der WM-Halftimeshow dobäi | © Smallz Raskind & LA Philharmonic / Quell: www.deutschegrammophon.com

De Gustavo Dudamel ass bei der WM-Halftimeshow dobäi

Fir déi grouss Halbzeitshow vun der Fussballweltmeeschterschaft e Sonndeg, wäert de Gustavo Dudamel nieft ville weidere Stare fir grouss Stëmmung suergen.
headphones

2 min

play_arrow
2-fachen Oscar Gewënner Anthony Hopkins bréngt ee Klassik-Album eraus | © Quell: Deutsche Grammophon

2-fachen Oscar Gewënner Anthony Hopkins bréngt ee Klassik-Album eraus

Beim Label Decca Classic bréngt de Schauspiller Anthony Hopkins een Album mat selwer komponéierte klassesche Wierker eraus. "Life Is A Dream"
headphones

2 min

play_arrow
Just nach klassesch Musek um meescht gelauschterte Radiosender an Ungarn | © Pexels

Just nach klassesch Musek um meescht gelauschterte Radiosender an Ungarn

Just nach klassesch Musek um meescht gelauschterte Radiosender an Ungarn: Dat ass een neie Changement, mat deem een de staatleche Rundfunksystem an Ungarn ëmstrukturéiere wëllt.
headphones

2 min

play_arrow
Mam Simon Rattle am Zirkus sangen | © BR / Astrid Ackermann

Mam Simon Rattle am Zirkus sangen

De Projet "Singen mit Sir Simon" ass ee Matmaach-Projet vum Stardirigent a sengem Orchester vum Bayerischen Rundfunk fir Amateurchéier aus ganz Bayern.
headphones

2 min

play_arrow
D'Renovatioune vun der Oper Palais Garnier verlängere sech ëm 3 Joer | © Pexels

D'Renovatioune vun der Oper Palais Garnier verlängere sech ëm 3 Joer

Fir d’Touristen a Frënn vun der klassescher Musek heescht et zu Paräis nach weider 3 Joer sech gedëllegen. D’Oper “Palais Garnier” wäert nämlech eréischt 2032 seng Dieren opmaachen
headphones

2 min

play_arrow
Prix Arts et Lettres geet 2026 un den Dirigent Pit Brosius | © Andrej Grilc

Prix Arts et Lettres geet 2026 un den Dirigent Pit Brosius

Zënter dem Joer 2008 gëtt et de Prix Arts et Lettres vum groussherzoglechen Institut, deen Talenter aus der Kulturzeen zu Lëtzebuerg auszeechent.
headphones

2 min

play_arrow
Herbert Blomstedt annuléiert kommend Concerten | © Matthias Creutziger

Herbert Blomstedt annuléiert kommend Concerten

Wéinst enger Infektioun a gesondheetleche Problemer huet den Dirigent Herbert Blomstedt kommend Concerte fir déi nächst Méint annuléiert.
headphones

2 min

play_arrow
Opéra de Paris kritt eegene Sinfonieorchester | © Pexels

Opéra de Paris kritt eegene Sinfonieorchester

"Philopéra" heescht deen neien Orchester. An de Reien 116 Museker:innen. Aussergewéinlech ass, datt d'Organisatioun ënner eegener Regie ofleeft.
headphones

9 min

play_arrow
D'Aschreiwunge fir de Fërderprogramm Global Project Grant sinn op | © Pixabay

D'Aschreiwunge fir de Fërderprogramm Global Project Grant sinn op

Dir hutt eng Iddi fir ee musikalesche Projet, braucht awer nach eng passend Strategie mam néidege Budget? Dann ass vläicht dëse Fërderprogramm dat Richtegt.
headphones

2 min

play_arrow
Lëtzebuerger Album stiermt aktuell d'Apple Klassik Charts | © Picture: Sebastian Madej / Album: www.francescotristano.com

Lëtzebuerger Album stiermt aktuell d'Apple Klassik Charts

Dem Lëtzebuerger Francesco Tristano säin Album "Bach-The 6 French Suites" ass aktuell dee meescht gelauschterten Album aus den Apple Klassik-Charts.
headphones

2 min

play_arrow
Tëschent Nouteblieder a Fussballschong | © Pixabay (Collage)

Tëschent Nouteblieder a Fussballschong

Tëschent Nouteblieder a Fussballschong stinn aktuell e puer Spiller an der Fussballweltmeeschterschaft. Ee Bléck hanner d'WM-Staren 2026.
headphones

3 min

play_arrow
Schluss mat de "Mozart-Vendeuren" | © Pixabay

Schluss mat de "Mozart-Vendeuren"

D'Stad Wien kämpft mat Ticketvendeuren, déi wéi de Wiener Klassik Komponist Mozart verkleet duerch d’Stad lafen. Fir Wien eng eenzeg Plo, mat där ab dem 1. Juli Schluss soll sinn.
headphones

2 min

play_arrow
Gratis war eemol - 5 Euro Entrée fir Elbphilharmonie Balcon vun Oktober un | © Pixabay

Gratis war eemol - 5 Euro Entrée fir Elbphilharmonie Balcon vun Oktober un

Wien en Tour duerch d’Hansestad am Norde vun Däitschland mécht, kënnt nëmme schlecht laanscht de Balcon vun der Elbphilharmonie zu Hamburg. Dës Visitt ass geschwënn net méi gratis.
headphones

2 min

play_arrow
Opus Klassik 2026 - Dat sinn d'Nimm vun de Gewënner | © Opus Klassik

Opus Klassik 2026 - Dat sinn d'Nimm vun de Gewënner

Endlich hat das Warten ein Ende – esou lüft d’Gala vum Opus Klassik d’Geheimnis ëm d’Gewënner vun dësem Joer. An wéi ëmmer gi rëm eng sëllege Musekerinnen a Museker geéiert.
headphones

3 min

play_arrow
Nei Téin fir Nationalfeierdag | © Pixabay

Nei Téin fir Nationalfeierdag

Den Erny Delosch an de Jean-Jacques Mailliet hu béid speziell Musek fir d'Feierlechkeete vun dësem Joer komponéiert.
headphones

3 min

play_arrow
Bayreuther Festpiele: Michel Friedman elo awer dobäi | © picture alliance / Wolfgang Maria Weber

Bayreuther Festpiele: Michel Friedman elo awer dobäi

Op ausdréckleche Wonsch vun der Geschäftsführerin an Urenkelin vum Richard Wagner
headphones

3 min

play_arrow
Stater Conservatoire: Serge Bausch gëtt neien Direkter | © Facebook-Säit vum Stater Conservatoire

Stater Conservatoire: Serge Bausch gëtt neien Direkter

De Sous-Direkter iwwerhëllt den Direkteschposten am September 2026.
headphones

1 min

play_arrow
Izmir: "Romeo und Julia" mat enger Kaz | © Tany Borger

Izmir: "Romeo und Julia" mat enger Kaz

Am trageschste Moment vum Shakespeare senger Geschicht kënnt ongenéiert eng Kaz op d'Bün a spillt mam doudege Romeo sengen Hoer.
headphones

3 min

play_arrow