Wéi d’Kulturadministratioun vun Hamburg matdeelt, géif ee vum 5. Oktober 2026 u 5 Euro Entrée pro Persoun froen, fir op de Balcon an Aussiichtspunkt Plaza vun der Elbphilharmonie goen ze kënnen. Zënter 2017 ass déi fir iwwer 17.000 Leit pro Dag eng vun de beléiftste gratis Attraktiounen. Op 37 Meter Héicht huet een nämlech eng exzeptionell schéi Panoramavue op d’Hansestadt.
Mee elo solle mam Entréespräis vu 5 Euro (3 Euro als reduzéierte Präis) d’Entretienskäschte gedeckt ginn.