Am Kader vun 150. Anniversaire vun de Bayreuther Festpiele sollt eng Gedenkveranstaltung stattfannen, op där de Publizist, Jurist a President vum Zentralrot fir Judden an Däitschland, de Michel Friedman, sollt schwätzen. Eent vun den Theemen: den Antisemitismus vum Richard Wagner
Virun e puer Deeg huet d’Stad Bayreuth dës Veranstaltung ofgesot. Elo soll se awer nees sinn, an dat op ausdréckleche Wonsch vun der Katharina Wagner, Urenkelin vum Richard Wagner a kënschtleresch Leederin vun der Festspiller.