De Global Justice Report wëllt d’Welt fundamental veränneren, an dat bis d'Joer 2100.
Dëse Rapport vum World Inequality Lab entwéckelt eng nei Visioun fir déi weltwäit Zukunft vun de Leit am 21. Joerhonnert.
D’Iddi ass einfach, mee radikal: Mir mussen de mënschleche Fortschrëtt an d’Gläichberechtegung mam Ëmweltschutz an Aklang bréngen. An dat ass e Plang, deen en ekonomesch an ökologesch konsequenten Iwwergang vun elo bis 2100 zeechent.
Mee wat heescht dat konkreet? De Rapport definéiert kloer Ziler fir d’Joer 2100: Eng Welt, an där Gläichberechtegung a Wuelstand am Aklang mam Planéit a mat senge wäertvolle Ressourcë stinn.
Fir dat hinzekréie proposéiert de Global Justice Report e weltwäite Gerechtegkeetsfond ze grënnen. Mat deene Sue soll den Iwwergang op eng méi fair an nohalteg Gesellschaft finanzéiert ginn, an dat fir jiddereen op der ganzer Welt. Dobäi geet et net nëmmen ëm Suen, mee ëm eng nei Weltuerdnung. D’Auteure schloen eng Global Justice Platform vir, déi op eng nei, méi demokratesch international Zesummenaarbecht hinziilt.
Et geet drëms politesch Strategien ze fannen, fir eng Majoritéit u Leit aus der Gesellschaft nees fir d’Theema Egalitéit ze gewannen an d’Gläichberechtegung duerch méi Participatioun vun de Bierger:innen ze stäerken.
De Schluss vum Rapport ass en Opruff un eis all: Et brauch een eng global Biergerbeweegung fir sozial Gerechtegkeet a fir datt dës Visioun net eng Wonschvirstellung bleift.
Ënner anerem gëtt virgeschloen, eng global Verméigenssteier an Akommessteier ze applizéieren, soudatt déi “super räich” méi Steiere bezuelen an et soumat erméiglechen, deenen Äermsten a Punkto Gesondheet, Bildung an Aarbechtszäit besser drun ze sinn. D’Zil wier bis 2100 weltwäit eng Moyenne un Akommes vu 5.000€/Mount pro Persoun ze erreechen, d’Moyenne vun den aktuelle Schaffzäiten duerch zwee ze deelen an datt d’Temperature bis 2100 net méi wéi 1,8°C an d’Luucht ginn.
De World Inequality Lab ass e globale Fuerschungszentrum, deen d’Inegalitéiten an déi ëffentlech Politik erfuerscht, déi déi sozial, ekonomesch an Ëmweltgerechtegkeet ënnerstëtzen. De Global Justice Report gouf mat 45 Fuerscher:innen gemaach unhand enger Datebank, bei där iwwer 200 Wëssenschaftler:innen matgewierkt hunn. D’Zil ass mat Hëllef vu Studien eng global Debatt zum Theema Ëmwelt a Gerechtegkeet ze erméiglechen.
Wien de ganze Rapport liese wëllt kann dat gratis um Internetsite vum World Inequality Lab maachen um www. inequalitylab.world.