Gebuertsdag vum Carl Nielsen

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den 9. Juni 1865 kënnt de Carl Nielsen op der dänescher Insel Fyn op d'Welt. Haut gëllt hien als de bekanntsten dänesche Komponist an huet dat fréit 20. Joerhonnert a virun allem déi skandinavesch Klassik immens gepräägt. Hie gëtt an einfache Verhältnisser op enger Insel grouss, säi Papp war Moler an huet an der Duerfmusek gespillt.

Schonn als Kand léiert de Carl Nielsen Gei mat sengem Papp, mat nëmmen 8 Joer. Dobäi léiert hien nach Trompett a well hien esou begaabt ass, kritt hie mat 14 schonn eng Plaz am Militärorchester zu Odense a spéider eng Plaz am Kinnekleche Conservatoire zu Kopenhagen, wou hien als Haaptfach Gei léiert a studéiert mat Meeschtere wéi dem Niels Wilhelm Gade oder och dem Johan Peter Emilius Harmann.

Den éischten Erfolleg feiert hie 1888 mat senger Klenger Suitt fir Gei. Hie kritt dunn eng Plaz am Orchester vum Kinneklechen Theater Kopenhagen a souguer eng Bourse fir an Däitschland ze studéieren. Kuerz duerno komponéiert hie seng 1. Sinfonie, allerdéngs dauert et nach 20 Joer bis him endlech mat senger 3. Sinfonie den internationalen Duerchbroch geléngt.

Vun deem Moment u gouf hien zu enger zentraler Figur am europäesche Museksliewen. Hie war zum Beispill 1920 beim grousse Mahler-Festival zu Amsterdam, wou hien ënner anerem nieft dem Arnold Schönberg, der Nadia Boulanger oder och dem Arthur Schnabel stoung.

Hie war a sengem Land Dänemark esou beléift, datt hien do schonn zu Liefzäiten als Nationalheld gefeiert gouf. A säi 60. Gebuertsdag gouf am ganze Land gefeiert. De Carl Nielsen stierft den 3. Oktober 1931 un Häerzversoen, an dat am Alter vun 73 Joer.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Gebuertsdag vum Carl Nielsen | © carlnielsen.org

Gebuertsdag vum Carl Nielsen

Den 9. Juni 1865 kënnt de Carl Nielsen op der dänescher Insel Fyn op d'Welt. Haut gëllt hien als de bekanntsten dänesche Komponist.
headphones

3 min

play_arrow
Haut virun 216 Joer gouf de Robert Schumann gebuer | © picture-alliance/dpa

Haut virun 216 Joer gouf de Robert Schumann gebuer

Den 8. Juni 1810 gëtt de Robert Alexander Schumann zu Zwickau am Kinnekräich Sachsen gebuer.
headphones

3 min

play_arrow
Haut ass Weltëmweltdag | © Unsplash

Haut ass Weltëmweltdag

De 5. Juni ass den internationalen Ëmweltdag vun de Vereenegte Natiounen.
headphones

2 min

play_arrow
Buon compleanno Cecilia Bartoli!

Buon compleanno Cecilia Bartoli!

D'Operesängerin, déi weltwäit berüümt fir hir virtuos Stëmm an hir faszinéierend Bünepresenz gouf de 4. Juni 1966 gebuer, si gëtt haut also 60 Joer al.
headphones

5 min

play_arrow
175 Joer Chorale Municipale Sängerbond Diekirch | © Sängerbond Diekirch

175 Joer Chorale Municipale Sängerbond Diekirch

Fir de ronne Jubiläum gëtt et e Concert an eng Ausstellung iwwer d'Geschicht vum Chouer
headphones

3 min

play_arrow
Happy Birthday Sir Elgar!

Happy Birthday Sir Elgar!

Den Edward Elgar gouf den 2. Juni 1857 gebuer.
headphones

4 min

play_arrow
En Eurovision fir klassesch Musek

En Eurovision fir klassesch Musek

Dir kennt bestëmmt den Eurovision Song Contest? Mee wosst Dir, datt d’Klassik säin eegenen Eurovision huet?
headphones

2 min

play_arrow
"Sacre du Printemps" - ee gefloppte Succès | © Pixabay

"Sacre du Printemps" - ee gefloppte Succès

"Le Sacre du Printemps" war um Dag vun der Uropféierung ee grousse Skandal a souguer Reinfall. Bis haut war et fir den Igor Strawinsky awer ee risege Succès. Wéi geet dat?
headphones

3 min

play_arrow
Tëscht Cockpit an Orchester - Daniel Harding iwwerhëlt LA Philharmonic | © Collage / Pixabay & Pexels

Tëscht Cockpit an Orchester - Daniel Harding iwwerhëlt LA Philharmonic

De renomméierte Spëtzenorchester, de Los Angeles Philharmonic, kritt mam britteschen Dirigent a Pilot Daniel Harding no 17 Joer een neier Dirigent.
headphones

2 min

play_arrow
virtuos, perfektionistesch, Paganini! | © Collage (Pixabay & Wikicommons)

virtuos, perfektionistesch, Paganini!

Wann ee Solist berüümt, beléift a gefaart gläichzäiteg ass a war, da wuel kloer de Geiist Niccolo Paganini. Den "Teufelsgeiger" stierft haut viru genee 186 Joer.
headphones

6 min

play_arrow
Zäit fir een Update - Restauratioun vum Wagner Fligel | © Nationalarchiv der Richard-Wagner-Stiftung, Bayreuth; Foto: J. Nützel

Zäit fir een Update - Restauratioun vum Wagner Fligel

Den héchstperséinleche Fliigel vum Komponist Richard Wagner, deen no 150 Joer a Gebrauch elo eng komplett Restauratiounkrut.
headphones

2 min

play_arrow
Elim Chan gëtt éischt Dirigentin vum San Francisco Sinfonieorchester | © Simon Pauly

Elim Chan gëtt éischt Dirigentin vum San Francisco Sinfonieorchester

Zënter 115 Joer ass de San Francisco Symphony Orchestra de bedeitendsten Orchester aus Kalifornien. Mat der Elim Chan kritt den Orchester seng éischt Dirigentin.
headphones

2 min

play_arrow
Deutsche Radio Philharmonie mat neiem Orchestermanager | © Carsten Friedebach

Deutsche Radio Philharmonie mat neiem Orchestermanager

Fir d'Saison 26/27 kritt d'Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern en neien Orchestermanager: den Adrian Kiedrowski.
headphones

2 min

play_arrow
Viru Kopfhörer a Streaming, gouf et den Emil Berliner | © gemeinfrei

Viru Kopfhörer a Streaming, gouf et den Emil Berliner

1888 presentéiert den Emil Berliner seng Iddi, déi d'Museksindustrie verännere soll: De Grammophon. Ab elo ass d'Musek massentauglech.
headphones

3 min

play_arrow
D'Gewënner vum Internationale Gittareconcours | © Lionel Rodrigues

D'Gewënner vum Internationale Gittareconcours

An de grousser Finall konnten sech leschte Weekend international Kënschtler beim Internationale Gittareconcours behaapten.
headphones

4 min

play_arrow
Neientdeckung mat Musek vum Ralph Vaughan Williams | © Quell: www.morleycollege.ac.uk

Neientdeckung mat Musek vum Ralph Vaughan Williams

68 Joer nom Doud vum brittesche Komponist Ralph Vaughan Williams, huet een elo an engem Londoner College-Archiv eng bis ewell onentdeckte Kompositioun rëmfonnt.
headphones

2 min

play_arrow
Pianoen duerch d'ganz Stad Lëtzebuerg | © Ville de Luxembourg

Pianoen duerch d'ganz Stad Lëtzebuerg

Nach bis de 16. Juni kann een an der Stad ënnert fräiem Himmel Piano spillen oder anere beim Musek maachen nolauschteren.
headphones

1 min

play_arrow
De Richard Wagner als Playmobilsfigur | © Bayreuther Gemeinschaft

De Richard Wagner als Playmobilsfigur

Fir den 150. Anniversaire vun de Bayreuther Festspiele. D'Figur gëtt pénktlech fäerdeg fir dem Wagner säi Gebuertsdag den 22. Mee.
headphones

2 min

play_arrow
80 Joer La Scala zënter dem zweete Weltkrich | © Pixabay/dimitrisvetsikas1969

80 Joer La Scala zënter dem zweete Weltkrich

Den Arturo Toscanini huet 1946 bei der Neierëffnung vum Operenhaus dirigéiert. Gëschter bei de Feierlegkeeten war de Riccardo Chailly um Pult.
headphones

4 min

play_arrow
D'Militärmusek spillt Concerten a Pfleegeheemer | © Pixabay

D'Militärmusek spillt Concerten a Pfleegeheemer

Leit déi net méi esou einfach an de Concertssall goe kënnen, d'Musek an déi eege véier Wänn bréngen. Dat ass d'Iddi vun der Militärmusek an der Fondation EME bei hirem Projet.