Den 8. Juni 1810 gëtt de Robert Alexander Schumann zu Zwickau am Kinnekräich Sachse gebuer.
Haut ass seng Musek immens beléift a gëtt ganz vill gelauschtert an opgeféiert. An der éischter Hallschent vum 19. Joerhonnert gouf dem Schumann seng Musek manner gespillt. Et ginn e puer Grënn, dem Schumann seng Musek war vläicht ze gewot fir déi Zäit, mee den Zoustand vu senger psychescher Gesondheet hat och domat ze dinn. Zum Schluss vu sengem Liewe gouf hien internéiert an dat hat warscheinlech en Afloss dorobber, wéi d’Leit seng Musek wouergeholl hunn. Psychesch Krankheete waren deemools nach en Tabu.
Him ass et säi Liewe laang net immens gutt gaangen. A senge Bicher schwätzt hie vun "Schwindelanfälle" an enger "großer Nervenschwäche". Wärend enger Rees a Russland 1844, do ass hien also 34, huet hien ënner “trübster Melancholie” gelidden an huet misse wéinst Schwindelufäll deeglaang am Bett bleiwen. Déi Zoustänn haten och Auswierkungen op säi professionellt Liewen: den dänesche Komponist Niels Gade gëtt Leeder vun de Gewandhauskonzerte zu Leipzig, net hien.
Vun 1845 fänken Gehéierstéierungen bei him un: de Schumann héiert dauert e Sangen an e Brausen a sengem Ouer. Dozou kënnt net Schlofe kënnen an ëmmer nees Lethargie an Apathie.
Am Wanter 1854 war de Schumann 44. Deeglaang hat hien akustesch Halluzinatioune: nuets ass hien anscheinend erwächt fir Musek opzeschreiwen, déi him Engele virgesongen haten. Mee moies waren dunn d’Engelsstëmmen op eemol déi vun Dämonen, déi him näischt Guddes wollten. Well hien et net méi ausgehalen huet, probéiert hien e puer Deeg méi spéit sech d’Liewen ze huelen, andeems hien an de Rhäin spréngt. Dat geléngt him net. An op eegene Wonsch ass hien dunn an d’Nervenheilanstalt zu Endenich, an der Géigend vu Bonn, ageliwwert ginn. Do huet hien déi lescht 2 Joer vu sengem Liewe verbruecht. Hie stierft den 29. Juli 1856 mat nëmme 46 Joer.
An der Ëffentlechkeet gouf hien dacks als wansinneg duergestallt. Gläichzäiteg probéiere seng Famill a Kolleegen d’Bild vum renge Genie ze fleegen a virun allem seng Syphiliserkrankung ze verschleieren.