Elim Chan gëtt éischt Dirigentin vum San Francisco Sinfonieorchester

headphones

2 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

39 Joer al ass déi chineesesch Dirigentin, déi an deene leschte Joren een enorme Karriäropschwong erlieft. Ugefaangen huet hiren erfollegräiche Parcours als Gewënnerin vum Donatella Flick Dirigenteconcours 2014, wourop hin d'Elim Chan Assistenzdirigentin vum London Symphony Orchestra gouf.

Et koumen Ustellungen als Gaaschtdirigentin fir de Royal Scottish Symphony Orchestra a Chefdirigentin vum Sinfonieorchester vun Antwerpen.


Virum e puer Wochen eréischt gouf d'Elim Chan dann och als Artistic Partner vun de Wiener Sinfoniker fir d'Saison 26/27 ernannt. Elo ass si dann déi éischt Fra an der Geschicht vum kaliforneschen Orchester an och 13. Persoun, déi d'Leedung iwwerhëlt.

Hir nei Tâche als Chefdirigentin vum San Francisco Sinfonieorchester trëtt d'Musekerin am September 2027 un. Een éischten Optrëtt gëtt et awer schonn de 5. a 6. Juni 2026. Hei presentéiert si d'Prelude an de Liebestod aus dem Richard Wagner sengem "Tristan und Isolde", wéi och Les nuits d'été vum Hector Berlioz a La Mer vum Claude Debussy.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Elim Chan gëtt éischt Dirigentin vum San Francisco Sinfonieorchester | © Simon Pauly

Elim Chan gëtt éischt Dirigentin vum San Francisco Sinfonieorchester

Zënter 115 Joer ass de San Francisco Symphony Orchestra de bedeitendsten Orchester aus Kalifornien. Mat der Elim Chan kritt den Orchester seng éischt Dirigentin.
headphones

2 min

play_arrow
Deutsche Radio Philharmonie mat neiem Orchestermanager | © Carsten Friedebach

Deutsche Radio Philharmonie mat neiem Orchestermanager

Fir d'Saison 26/27 kritt d'Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern en neien Orchestermanager: den Adrian Kiedrowski.
headphones

2 min

play_arrow
Viru Kopfhörer a Streaming, gouf et den Emil Berliner | © gemeinfrei

Viru Kopfhörer a Streaming, gouf et den Emil Berliner

1888 presentéiert den Emil Berliner seng Iddi, déi d'Museksindustrie verännere soll: De Grammophon. Ab elo ass d'Musek massentauglech.
headphones

3 min

play_arrow
D'Gewënner vum Internationale Gittareconcours | © Lionel Rodrigues

D'Gewënner vum Internationale Gittareconcours

An de grousser Finall konnten sech leschte Weekend international Kënschtler beim Internationale Gittareconcours behaapten.
headphones

4 min

play_arrow
Neientdeckung mat Musek vum Ralph Vaughan Williams | © Quell: www.morleycollege.ac.uk

Neientdeckung mat Musek vum Ralph Vaughan Williams

68 Joer nom Doud vum brittesche Komponist Ralph Vaughan Williams, huet een elo an engem Londoner College-Archiv eng bis ewell onentdeckte Kompositioun rëmfonnt.
headphones

2 min

play_arrow
Pianoen duerch d'ganz Stad Lëtzebuerg | © Ville de Luxembourg

Pianoen duerch d'ganz Stad Lëtzebuerg

Nach bis de 16. Juni kann een an der Stad ënnert fräiem Himmel Piano spillen oder anere beim Musek maachen nolauschteren.
headphones

1 min

play_arrow
De Richard Wagner als Playmobilsfigur | © Bayreuther Gemeinschaft

De Richard Wagner als Playmobilsfigur

Fir den 150. Anniversaire vun de Bayreuther Festspiele. D'Figur gëtt pénktlech fäerdeg fir dem Wagner säi Gebuertsdag den 22. Mee.
headphones

2 min

play_arrow
80 Joer La Scala zënter dem zweete Weltkrich | © Pixabay/dimitrisvetsikas1969

80 Joer La Scala zënter dem zweete Weltkrich

Den Arturo Toscanini huet 1946 bei der Neierëffnung vum Operenhaus dirigéiert. Gëschter bei de Feierlegkeeten war de Riccardo Chailly um Pult.
headphones

4 min

play_arrow
D'Militärmusek spillt Concerten a Pfleegeheemer | © Pixabay

D'Militärmusek spillt Concerten a Pfleegeheemer

Leit déi net méi esou einfach an de Concertssall goe kënnen, d'Musek an déi eege véier Wänn bréngen. Dat ass d'Iddi vun der Militärmusek an der Fondation EME bei hirem Projet.
Europa sicht seng Sinfonie | © Pexels (Collage)

Europa sicht seng Sinfonie

De Projet "Europasinfonie" ass ee Remote-Orchester, deen dausende Kilometer verdeelt duerch Europa sëtzt an online spillt. Elo ass een op der Sich no enger Sinfonie fir Europa.
headphones

2 min

play_arrow
Tounbänner a Kartongskëschten - Mann sammelt 50 Joer illegal Live-Musek | © Pexels

Tounbänner a Kartongskëschten - Mann sammelt 50 Joer illegal Live-Musek

Ee besonnescht Ierwen huet den New Yorker Wall Street Aarbechter Leroy A. hannerlooss: Kartongskëschten an Tounbänner mat zéngdausend Stonnen illegal enregistréierter Live-Musek.
headphones

2 min

play_arrow
Mat 90 Joer um Dirigentepult - Den Zubin Mehta a säi Gebuertsdagsconcert | © Pixabay

Mat 90 Joer um Dirigentepult - Den Zubin Mehta a säi Gebuertsdagsconcert

Den indeschen Dirigent, deen och e Stär um weltbekannte Walk of Fame zu Hollywood krut, huet elo fir säin 90. Gebuertsdag ee Concert dirigéiert.
headphones

2 min

play_arrow
5. Mee - Dag vun der portugiesescher Sprooch | © Pixabay

5. Mee - Dag vun der portugiesescher Sprooch

De 5. Mee ass den offiziellen Dag vun der portugisescher Sprooch. 2019 gouf dëse vun der UNESCO ausgeruff.
headphones

3 min

play_arrow
No 45 Joer Kammermusek - Hagen Quartett geet an d’Pensioun | © Harald Hoffmann

No 45 Joer Kammermusek - Hagen Quartett geet an d’Pensioun

1981 huet de Salzburger Hagen Quartett eng éischte Kéier virun engem internationale Publikum gespillt. Elo no 45 Joer ass dann awer Schluss.
headphones

7 min

play_arrow
Le Nozze di Figaro - Skandal op der Operebün | © Vincent Pontet

Le Nozze di Figaro - Skandal op der Operebün

Tëschent Léift, Intrigen a Gesellschaftskritik entwéckelt sech eng vun de spannendsten Operen iwwerhaapt.
headphones

5 min

play_arrow
Concertspianist elo Pilot bei der Lufthansa | © Josep Molina

Concertspianist elo Pilot bei der Lufthansa

Den Alexander Melnikov deelt elo säi Liewen als weltwäit gefeierte Concertspianist mat senger zweeter Leidenschaft, dem Dram vum Pilot.
headphones

2 min

play_arrow
No Interview: Operenhaus Fenice entléisst Dirigentin virum Amtsuntrëtt | © tartiereartists.com

No Interview: Operenhaus Fenice entléisst Dirigentin virum Amtsuntrëtt

Nodeems d'Dirigentin Beatrice Venezi méintelaang intern an och extern kritiséiert gouf, war elo ee rezenten Interview Ausléiser, d'Zesummenaarbecht nach virum Untrëtt ze stoppen.
headphones

2 min

play_arrow
KI als Deel vun der Oper | © Pixabay (Collage)

KI als Deel vun der Oper

Den Numm Carl Maria von Weber verbënnt ee mat der Romantik, Quintetter an natierlech och mat der Oper. Manner vläicht mat KI, déi da rezent awer beim "Freischütz" agesat gouf.
headphones

3 min

play_arrow
Doud vum Michael Tilson Thomas

Doud vum Michael Tilson Thomas

Den Dirigent vum San Francisco Symphony Michael Tilson Thomas ass am Alter vun 81 Joer un engem Tumeur am Gehier gestuerwen.
headphones

2 min

play_arrow
13,5 Millioune bis 2030 fir den Zougang zur Kultur ze vereinfachen

13,5 Millioune bis 2030 fir den Zougang zur Kultur ze vereinfachen

Mam neien Aktiounsplang "accès à la culture" vum Kulturminister Eric Thill sollen d'Barriären tëschent Kënschtler:innen a Public ofgeschaaft ginn.
headphones

2 min

play_arrow