Mëttlerweil a senger 5. Editioun, bréngt de Gittareconcours zu Lëtzebuerg, Talenter aus der ganzer Welt op d’Bün vum Grand-Duché. Agedeelt ass de Gittarefestival an zwee Concoursen. Op der enger Säit huet een de Concours fir jonk national Talenter an op der anerer Säit dann de Concours International.
Dëse Sonndeg war déi grouss Finall am Kammermusekssall vun der Philharmonie, wou sech véier Talenter Präisser séchere konnten.
Ugefaange mam Amir Hossein Sheybani aus dem Iran, dee mat enger véierter Plaz ausgezeechent gouf. De Stanislav Steshenko, ukrainesche Gittarist, konnt direkt zwee Präisser gewannen. Eemol déi drëtt Plaz vum Concours wéi dann och den Publikumspräiss.
Aus China kënnt den Yuheng Zhou, deen den zweete Präis gewonnen huet. An de Julio Robles, 24 Joer jonke mexikanesche Gittarist, kritt elo ee weideren Award als Vainqueur vum Gitarrefestival 2026 zu Lëtzebuerg a seng Sammlung. Insgesamt sinn et nämlech domat elo iwwer 20 national an international Concoursen, déi de Museker a senger Karriär bis ewell gewanne konnt.
De 15 Joer jonke Gittarist Charlie McMillan, deen am Virfeld vum Concours fir déi jonk Talenter am Opus-Interview war, konnt a senger Kategorie den éischte Präiss gewannen.