"Before the Mirror" - sou nennt sech dee wuel neiste Release vum englesche Komponist Ralph Vaughan Williams. Obwuel: erausbruecht gouf d'Wierk nach net mee awer elo mol entdeckt. An dat 68 Joer nom Doud vum brittesche Komponist.
Rëmfonnt gouf d'Kompositioun aus de fréien 20-Joren (warscheinlech ëm 1899) vum Vaughan Williams vun der Bibliothéiksarchivistin Elaine Andrews.
Relativ séier huet d'Vaughan Williams Foundation d'Partitur vun "Before The Mirror" dann och fir authentesch klassifizéiert. Et handelt sech beim Wierk ëm eng Kompositioun fir Piano a Solostëmm, spriech ee Lied.
Wéi d'Partitur iwwerhaapt an der Bibliothéik lande konnt gëtt elo iwwerpréift. Eng méiglech Äntwert kéint d'Musekerin Dulcie Nutting sinn, déi um College selwer och enseignéiert huet an eng fréier Schülerin vum Ralph Vaughan Williams sengem Kolleeg, dem Gustav Holst war.