Dat Lescht, dat engem beim Numm Richard Wagner an de Sënn kënnt, wiere Kannerspillsaachen. Mee fir den 150. Jubiläum vun de Bayreuther Festspiele bréngt Playmobil eng limitéiert Serie vu Wagner-Figuren eraus.
Se solle pénktlech fir dem Wagner säi Gebuertsdag den 22. Mee fäerdeg sinn. Et soll net just e Sammlerstéck bleiwen, och d'Leit am Public bei der 150. Editioun vun de Festspiller sollen eng Figur mat Heem kréien.