De Leroy A. schéngt wuel eng besonnesch Virléift fir Operen an Opname gehat ze hunn.
Rezent huet een op sëllegen Etagèren a Regaler an der Hochschule der Künste Bern eng Onmass un Tounbänner fonnt. Dorop enregistréiert, ronn zéngdausend Stonne Musek. Live-Musek! Operenopféierungen, déi iwwer déi lescht 50 Joer illegal opgeholl goufen.