Den Alexander Melnikov war schonn zënter 20 Joer Hobbypilot, mee hat bis ewell ëmmer Schwieregkeete fir bei kommerzielle Fluggesellschaften ugeholl ze ginn. De Grond war ëmmer säin ongewéinleche Liewenswee - e Klassikstar um Piano mat engem gefëllte Concertskalenner. 2020 huet hien trotzdeem decidéiert d’Ausbildung ze maachen, fir kommerzielle Pilot kënnen ze ginn.
Elo ass dee weltwäit bekannte Pianist Alexander Melnikov ganz offiziell éischten Offizéier bei der Lufthansa.