De Richard Wagner huet déi lescht Méint vu sengem Liewen zu Venedeg an enger Resident verbruecht, déi ee virun e puer Joerzéngten ënnert privater Hand als Musée ëmfonctionéiert huet. Ma elo soll dëse Musée a staatlech Hand kommen. Duerch dëse Beschloss wäert dann och wuel ab 2027 Bayreuth méi enk mat Venedeg zesumme schaffe fir de Patrimoine vum Richard Wagner ze konservéieren.
De Richard Wagner ass am Palazzo Vendramin Calergi verstuerwen, dat bis haut als private Musée gefouert gouf. Ma elo soll dëse Musée an da vum Staat iwwerholl ginn. Ze gesinn si net just Raimlechkeeten, ma deelweis och privat Dokumenter, geschriwwen oder gedréckte Quellen a weider privat Géigestänn.