10 Chéier aus verschiddenen europäesche Länner si bei der 18. International Choir Festival & Competitioun ugetrueden. Dorënner och de Kammerchouer Nordvox aus dem Conservatoire du Nord vu Lëtzebuerg.
Bei dësem Concours sinn d'Sängerinnen an d'Sänger als Gewënner an der Kategorie A1 fir gemëschte Chouer ervirgaangen. Si kruten ënner der Leedung vum Dirigent Matthias Rajczyk domat vum Jury déi héchste Punktzuel.
Et war dann och déi éischte Kéier, datt Nordvox un dësem Concours deelgeholl huet.
Zum Chouer selwer: Nordvox huet sech 2020 entwéckelt wärend der Corona-Pandemie. Hire Repertoire ass ganz breet gefächert a geet vu A Capella Gesang aus Renaissance, Romantik, Pop bis hin zu zäitgenësseschen Interpretatiounen.