Ufank Mäerz war bekannt ginn, datt de Conseil d’Administration vum Boston Symphony Orchestra de Kontrakt vum aktuelle Chefdirigent Andris Nelsons net méi verlängert. An dat no enger 13-järeger erfollegräicher Zesummenaarbecht. Firwat déi Nouvelle sou grouss Welle geschloen hat, loung un zwou Saachen: engersäits koum dës Ukënnegung zimmlech iwwerraschend, anerersäits soll et eng ondemokratesch Decisioun gewiescht sinn, déi de Chef vum Conseil d’Administration selwer duerchbruecht huet. D'Museker vum Orchester goufe weder gefrot, nach am viraus informéiert.
De Publikum am Symphony Hall zu Boston reagéiert mat Standing Ovations fir den Andris Nelsons, d'Orchestermuseker weisen sech onzefridde mat där Decisioun an och d'Berliner Philharmoniker hunn sech elo zu Wuert gemellt.