Am Kader vun de Feierlechkeeten huet de Staatsministère zesumme mam Kulturministère ee Kompositiounsconcours ausgeschriwwen. Dëse Concours ass un all Lëtzebuerger oder zu Lëtzebuerg liewend Komponistin a Komponist adresséiert, déi ee Wierk fir Sinfonieorchester schreiwe kënnen. Dëse Concours ass gratis. Et ginn e puer Virschrëften, zum Beispill soll d’Wierk +/-6 Minutte laang, vum Klang hier festlech sinn a vun de Lëtzebuerger Philharmoniker als Optakt vun der Zeremonie op Nationalfeierdag gespillt ginn.
Fir d'Gewënnerkompositioun ass ee Präisgeld vu 6.500 Euro ugesat.
Méi Infoen fannt Dir hei: https://mcult.gouvernement.lu/fr/Domaines/appels-a-projets/appel-a-candidatures-compositions-fete-nationale-2026.html