Den Tellef Johnson aus Virginia an den USA huet viru Jore schonn eng Pianossonat vum brittesch-indesche Komponist Kaikosru Schapuri Sorabi gespillt, déi ganzer 50 Minutten ouni Paus dauert. Puer Joer drop entdeckt hien dunn d’Sonat Nr. 3 vum Komponist, déi scho ganzer annerhallef Stonn dauert.
Elo huet den Tellef Johnson dann ee Concerts-Marathon gespillt, deen et a sech huet. Erausgesicht huet de Pianist sech nämlech “Opus Archimagicum”, 1935 komponéiert. Dëst Wierk besteet aus 10 Sätz, agedeelt an 3 Deeler, 336 Säite Partitur an dauert ronn 7,5 Stonnen.
D’Uropféierung war schonn am Dezember 2025, a gëschter koum dës Produktioun och beim Label Opus A Records eraus.