Virun 158 Joer, op engem 6. Januar, gëtt zu Neapel de Vittorio Monti gebuer.
Weltbekannte Geiist an Dirigent, dee spéiderhin och d'Mandolinn als Instrument fir sech entdeckt an als Enseignant gäre Léierbicher schreift. Mee besonnesch d'Folklormusek huet et dem Monti ugedoen, deen eng Rei Balleten an Opere schreift a mat sengem “Csardas” bis haut nach an de Concertshaiser um Programm ze fannen ass.