De Choix vum Dirigent beim Neijoerschconcert zu Wien 2027 ass op deen 49 Joer alen Dirigent Tugan Sokhiev gefall. Den Dirigent, dee gebierteg aus Russland kënnt, feiert domat grad esou wéi de Yannick Nézet-Séguin dëst Joer, säin Debut bei engem Neijoerschconcert.
Den Tugan Sokhiev ass aktuell ee weltwäit gefrote Gaaschtdirigent bei Orchesteren, dorënner dem däitsche Sinfonieorchester Berlin an och an der Walisescher National Oper.