Aus Dreem kann dacks Realitéit ginn, an dat egal wéi jonk oder al een ass. Dat ass och de Fall fir d’Diana Newell. Déi brittesch Pianistin huet mat 88 Joer viru Kuerzem hire groussen Debut-Concert an der renomméierter Royal Albert Hall zu London gemaach.
Zanter datt si e klengt Meedche war, wollt si Concertspianistin ginn, a geléiert huet si net nëmmen de Piano, mee och d’Gei an d’Uergel. Et ass also definitiv ni ze spéit fir sengen Dreem nozegoen an se ze verwierklechen, wéi d’Diana Newell eis weist.
Op hirem Concert huet si net iergendeng Musek um grousse Fligel gespillt, mee eng eege Kompositioun, mam ganz passenden Numm “Dreams”. Si huet awer net ganz eleng gespillt op der grousser Bün an der Royal Albert Hall, mee zesumme mam Bournemouth Symphony Orchestra.
D’Geschicht hanner “Dreams” ass eng ganz perséinlech, komponéiert huet si et nom Doud vun hirem verstuerwene Mann Phil, wéi si an enger éischter schwiereger Period war. D’Komponistin selwer sot awer, datt d’Wierk si op eng Rees bruecht huet, déi si sech nëmmen erdreeme konnt.