Zënter 1993 geet d'Fachzäitschrëft Opernwelt op d'Sich no deene beschten Acteure vum Joer. 2025 mat deels neien, mee och bekannte Gesiichter.
Kritikerpräisser sinn an der Klassikzeen ee wichtege Bestanddeel an och Unhaltspunkt fir de Publique.
Wéi een Operenhaus, Sängerin oder Sänger, mee och Dirigent, dëst Joer der Fachzäitschrëft no déi bescht aus dem Joer 2025 sinn, verrode mir Iech am Harmonesche Moien.