Egal ob Chrëschtdagslidder oder Kierchemusek. Et kënnt een net laanscht d'Kompositiounen oder Arrangementer vum John Rutter. De Museker a Komponist feiert haut säin 80. Gebuertsdag.
Dem brittesche Komponist John Rutter seng Wierker beandrocke Musekskenner a Sympathisanten aus der ganzer Welt. Net fir näischt schreift den John Rutter reegelméisseg fir déi kinneklech Famill a gestalt esou och een Deel vum musikaleschen Encadrement fir d'Hochzäit vum Prënz Harry a William, wéi och den Trounjubiläum vun der Queen Elizabeth II.
Haut feiere mir zesumme mam Komponist säin 80. Gebuertsdag!