De Festival Odo Sonoritas fënnt all Joer um 18. November an der Kierch zu Stolzebuerg statt. Fir d'Editioun 2026 sinn dräi Eventer ugekënnegt: eng Klang- a Luuchteninstallatioun vum Arthur Stammet, duerno e Concert mat gregorianeschem Gesang, an den Ofschloss mécht e Concert vun 20 Minutten, exklusiv mat Uropféierunge vum Claude Lenners. Dorënner Arrangementer vu Choräl an eng nei Kompositioun mam Titel "Stein", déi op engem kuerzen Text vum Festival-Grënner Christophe Unkelhäusser baséiert. En Text mat "kräftegen Aussoen", déi gutt an eis Zäit passen. De Claude Lenners huet eis verroden, wat et gebraucht huet, fir dësen Text passend ze vertounen.
Uropféierunge vum Claude Lenners
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes
Episoden
Ee Concert am Zeeche vum Mozart senger Frëndschaft mat den Haydn-Bridder
Divers Stécker vum Wolfgang Amadeus Mozart, Joseph Haydn a Michael Haydn sti fir "Mozart and friends" um Programm - dräi Komponisten, déi gutt Frënn waren.
"Baroque, Bellows, and Beyond": mam Akkordeon duerch d'Epochen
Wéi kléngt Barockmusek mat engem Akkordeon? Dat probéieren dräi Lëtzebuerger Museker den 23. November an der Philharmonie eraus ze fannen.
Thermos - eng Uropféierung vum Komponist Roland Wiltgen
Bei de Rainy Days gëtt et dësen Donneschden Owend Musek aus Lëtzebuerger Fieder fir eng alleréischte Kéier ze héieren. Thermos ass eng Commande vum Lëtzebuerger Kulturministère.
Uropféierunge vum Claude Lenners
Um leschte Concert vun "Odo Sonoritas" ginn exklusiv nei Wierker vum C. Lenners uropgeféiert. Dorënner d'Haaptwierk "Stein", mat Text vum Festival-Grënner Christophe Unkelhäusser.
Lucilin Records - neie Lëtzebuerger Label mat éischtem Album "Territoires"
Ganz rezent ass deen neie Label "Lucilin Records" gegrënnt ginn; eng Initiativ vum Ensembel fir zäitgenëssesch Musek "United Instruments of Lucilin".
Musek nom Enn vun der Welt
Dem Nik Bohnenberger seng nei Kompositioun "Embers" gëtt um Rainy Days Festival 2026 uropgeféiert.
En Interlude mat der Rebecca Clarke
De "Salon de Helen Buchholtz" feiert dëst Joer den 140. Gebuertsdag vun der Rebecca Clarke. En Interlude bis zum 150. Gebuertsdag vun der Helen Buchholtz
Youth Meets Classic: Flütt, Piano a Klarinett um Uespelter Schlass
Dëse Samschden, de 14. November, kann een ab 19 Auer owes um Uespelter Schlass d'Concertsformat "Youth Meets Classic" entdecken. Mee wat verstoppt sech hanner dem Konzept?
Familljeconcert: "Les fous de Vianden"
Wann een u Fuesent denkt, dann denkt ee virun allem u Masken a Kostümer, awer vläicht net direkt u klassesch Musek. Do hu mir awer elo e Concert fir iech!
Heemspill vun den Duke's Singers
Am Kader vum Cycle "Heemspill" trëtt de Vokalensembel The Duke's Singers de 14. November an der Philharmonie op.
"Zwischen großer Lebendigkeit und meditativer Ruhe"
Am Kader vun de Music Days Vianden fënnt den 30. Oktober e Concert statt, deen d’Stëmmung vun der Zäit ëm den Hierscht musikalesch opgräift: “Musiques funèbres”.
Eng Kinnekskannerschoul am Veianer Schlass
D'Kanner aus dem ganze Land gi vun der Prinzessin Jacquetta vu Lëtzebuerg op eng Audienz zu Veianen invitéiert.
Dem Georges Sadeler seng "Metal Suite" um Klenge Maarnicher Festival
De Komponist Georges Sadeler stellt säin neit Wierk "Metal Suite" zu Housen vir. Hien huet sech domat beschäftegt, wéi Metaller de Klang vun Instrumenter beaflosse kënnen.
Hëtzeg Rainy Days an der Philharmonie
De Festival fir zäitgenëssesch Musek "Rainy Days" ass dëst Joer vum 17. bis den 22. November.
Blechbléiser treffen op Gesangskonscht
De Kontratenor Jeff Mack an d'Blechbléiserquintett Magnifica spillen am Kader vum klenge Maarnicher Festival.
Klaidi Sahatçi a Christoph König: eng musikalesch Frëndschaft
E Konzertmeeschter an e Chefdirigent maache Kammermusek
Spiller mat Wierder a mat Hänn am Conservatoire
E Concert mat 3 Pianistinnen, engem Pianist an zwou Schauspillerinnen
"Wir haben noch nie in dieser Kombination Kammermusik gespielt."
Mat "Jeux de timbres" spillen d'Kammerata Luxembourg um Buerglënster Festival ee Concert, an deem si Flütt, Cor anglais a Gittar matenee kombinéieren.
Rising Stars: Concert des Lauréats vum Stater Conservatoire
Véier jonk Laureaten aus dem Stater Conservatoire stinn zesumme mam OCL op der Bün. Als Gaaschtdirigentin ass déi polnesch Dirigentin Agata Zajac invitéiert.