Am Joer 1933 gouf der Florence Price hir onpublizéiert Sinfonie Nr.1 a Mi Mineur erausgesicht, fir op der Weltausstellung vum Chicago Symphony Orchestra uropgefouert ze ginn. Ee Meilesteen fir déi amerikanesch klassesch Musek: Et ass déi éischt Sinfonie vun enger schwaarzer Fra, déi vun engem groussen amerikaneschen Orchester gespillt gouf.
D'Florence Price weist, wéi amerikanesch klassesch Musek klénge kann - hir éischt Sinfonie kombinéiert westlech an afroamerikanesch Traditiounen zu enger ganz eegener Klangsprooch. Zum Beispill fënnt een am drëtte Saz amplaz vun engem traditionelle Scherzo een "Juba Dance". Wat et domat op sech huet, verréit d'Oceana Kaell.