Fir dëst Häerzstéck reese mir an d'Joer 1936. De russesche Komponist Sergei Prokofjew kritt vun der Natalja Sats, der Direktesch vun engem Kannertheater ze Moskau, en ongewéinlechen Optrag: e Stéck schreiwen, mat deem d'Kanner spilleresch d'Instrumenter vum Orchester kenneléiere sollen.
De Prokofjew schreift dorops net just d'Musek, mee och den Text selwer. An esou entsteet bannen nëmmen e puer Deeg "De Pierchen an de Wollef". Dat Charmant um Stéck ass, datt d'Musek eng ganz konkret Geschicht erzielt, änlech wéi bei engem Film. All Figur an der Geschicht gëtt duerch hiert eegent Instrument duergestallt.
Wat haut kaum ee méi weess: bei der Première war d'Stéck e richtege Flopp. Eréischt e puer Deeg méi spéit, wéi d'Natalja Sats d'Geschicht selwer erzielt huet, gëtt d'Stéck zum Succès. Dem Prokofjew säi Wierk reest ronderëm d'Welt a lant beim Walt Disney an den USA, dee begeeschtert ass an en Zeechentrickfilm doraus mécht.
D'Jenny Feyder erzielt iech d'Geschicht hanner engem vun de bekanntsten Orchesterstécker iwwerhaapt.