D'Anne Joséphine Schmoll kënnt op engem 8. Oktober 1836 an der Stad an der Rue du Fossé op d'Welt. 1853 gëtt bericht, si hätt d'Musekschoul ofgeschloss a mat Bravour op der Präisverdeelung eng Fantaisie um Piano gespillt. Si schléisst eng Ausbildung als Grondschoulléierin of, ass zu Käerch engagéiert a gëtt Enseignante vun der Musekschoul an der Stad.
Mee hiert Liewen ass och ëmmer nees vu klenge "Bémollen" gezeechent.
De Guy May huet sech intensiv mat der Joséphine Schmoll hirem Liewe beschäftegt a nennt a sengem "Nos cahiers" No.3 aus dem Joer 2026 10 Stécker ënner dem Numm Joséphine Schmoll.
De Jean Thill huet sech an hir Geschicht eragelies a verréit Detailer.