Fir dat éischt Häerzstéck an der neier Saison um Opus klamme mer an d'Joer 1995. Den amerikanesche Komponist Steve Reich komponéiert "City Life". Et ass ee Wierk aus fënnef zesummenhänkende Sätz, dat wäit vun deem fort ass, wat mir haut als gängeg Musek bezeechnen.
De Steve Reich gräift historesch Ereegnesser op, leeft mat sengem Mikro duerch New York, hëlt Sireenen, Stroossegeräischer, Stëmmen an original Funkgespréicher vum Attentat op d'World Trade Center als Ausgangsiddi.
Dës Elementer verknäppt hie mat hëllef vun digitale Samples, Keyboarden, melodeschen a perkussiven Instrumenter oder markanten Impulser a Melodien zu engem Gesamtwierk.
Et ass net déi "klassesch" Minimal Music wéi een se vläicht kennt. De Steve Reich hieft se nämlech mat "City Life" op en neie Level!
De Jonah Pütz lauschtert zesumme mam Lex Kauffmann an dëst besonnescht Wierk eran.