Am Mount Juli denke mir un de 75. Doudesdag vum Komponist Arnold Schönberg. Net just fir seng Zwölftontechnik bekannt ass den Numm Schönberg nach haut e Synonym fir dat radikaalt Neidenke vun der Klassescher Musek, d'Ophiewe vun traditionellen Tounaarten an nei Schrëtt a punkto Kompositioun.
Mee de Museker hat och eng expressionistesch Oder, déi de Jean Thill eis mam Op.4 "Verklärte Nacht" méi no bréngt.