D’Charlotte Sohy war eng Zäitgenossin vun ënner anerem der Nadia Boulanger an dem Maurice Ravel. Si gehéiert och zu de wéinege Fraen, déi als Komponist:in e professionelle Status mat ëffentlecher Unerkennung erreecht huet, an dat obwuel si eng eege Famill mat 7 Kanner hat.
Der Charlotte Sohy hir eenzeg Sinfonie (1914-1917) ass gewëssermoossen e musikaleschen Ausdrock vun der Zäit vun der "Grande Guerre". Wéi sech dat bemierkbar mécht, gitt Dir am Gespréich tëschent dem Christophe Mirkes an dem Lex Kauffmann gewuer.