1777 fiert den 21 Joer jonke Mozart op Paräis mam Zil, Engagementer ze kréien a méiglechst och eng Ustellung op engem Haff.
Hie reest an deem Kader och de Monni op Augsburg besichen, entwéckelt eng enk Bezéiung zu senger Schwëster Anna Maria Thekla, spillt eng Rei u Concerten an - huet awer nach ëmmer keng Festustellung.
Tëscht dem Mozart a sengem Papp entsteet wéinst ënnerschiddlechen Usiichten an deem permanente Reesen eng ugespaante Relatioun. An wärend der zweeter Rees op Paräis 1778 stierft och nach dem Mozart seng Mamm. Ma kuerz virum Doud vun der Mamm, gëtt dem "Wolferl" seng Paräisser Sinfonie Nr.31 uropgefouert.
De Jean Thill mam Detail.