D'Early-Music-Zeen war schonn ëmmer gutt fir Iwwerraschungen an onerwaart Neies: Am Erëffnungsconcert vun de "Regensburger Tage für Alte Musik" waren et Wierker vu Mendelssohn a Weber, déi am Fokus stoungen. Den Interêt un historesche Klangfaarwen ass scho laang an der Klassik oder der Romantik ukomm.
Et spillt de Prager Ensembel Musica Florea, de Chouerpart am Mendelssohn senger Psalmvertounung zum Psalm 115 an och an der Jubelmesse vum Carl Maria von Weber gëtt vun de Regensburger Domspatzen iwwerholl. Am Mëttelpunkt steet de berüümte Klarinetteconcerto a Fa Mineur vum Von Weber mam Solist Ernst Schlader.
Programm:
Felix Mendelssohn Bartholdy (1809-1847): Psalm 115, Op. 31 "Nicht unserm Namen, Herr"
Carl Maria von Weber (1786-1826): Concerto fir Klarinett Nr. 1 a Fa Mineur, Op. 73
Carl Maria von Weber (1786-1826): Missa sancta Nr.2 a Sol Majeur, Op. 76 "Jubelmesse"
Interpreten:
Lara Rieken (Sopran)
Sinja Maschke (Mezzosopran)
Julian Habermann (Tenor)
Matthias Lika (Bass)
Ernst Schlader (Klarinett)
Regensburger Domspatzen
Musica Florea Prag
Christian Heiss (Dir.)
Marek Stryncl (Dir.)