Wann de Pianosvirtuos Víkingur Ólafsson op den Dirigent Kirill Petrenko trëfft, dann erliewe mir islännesch Klangäesthetik mat absolutter Orchesterprezisioun. De Víkingur Ólafsson ass bekannt fir seng Bach-Interpretatiounen. Hien elo awer mat Brahms ze héieren, dat ass definitiv eng spannend Klangrees.
De Kirill Petrenko, au contraire, ass bekannt fir seng Strauss-Interpretatiounen: Hien zerleet dem Strauss seng komplex Kompositioune mat Prezisioun a packt et souguer an haarde Passagen, déi eenzel melodesch Linnen erkléngen ze loossen a spierbar ze maachen.
Programm:
Johannes Brahms (1833-1897): Pianosconcerto Nr.1 a Ré Mineur, Op. 15
Alessandro Marcello (1684-1750): Concerto a Ré Mineur, BWV 974, Adagio (Bis)
Richard Strauss (1864-1949): Also sprach Zarathustra, Op. 30
Interpreten:
Vikingur Ólafsson (Piano)
Berliner Philharmoniker
Kirill Petrenko (Dir.)