Christoph Preiß, Julien Landers an Hyewon Jeong - dat sinn d'Nimm vun deenen dräi Jonken, déi an der grousser Finall vum alleréischten internationalen Uergelconcours "Carlo Hommel" stoungen. Benannt gouf dëse Concours nom bekannten, 2006 verstuerwene Lëtzebuerger Kathedralorganist Carlo Hommel an organiséiert ass en am Zesummenhang mam klenge Maarnicher Festival.
Um Programm vun deenen dräi Finaliste stoungen ënner anerem 2 Flichtwierker: dem Nicolas de Grigny säin "Ave maris stella: Plein jeu à 5 - Fugue à 5 - Duo - Dialogue sur les grands jeux" an dem Lëtzebuerger Paul Kayser seng Suite op "Ave Maris Stella". De Rescht vum Programm hunn d'Participantë fräi erausgewielt.
De jonken Däitsche Christoph Preiß huet hei op e Wierk vum Johann Sebastian Bach, "Nun komm der Heiden Heiland", d'"Toccata decima" aus dem "Apparatus musico-organisticus" vum Georg Muffat an dem Benoît Mernier seng 5. Inventioun aus de "Cinq Inventions pour orgue" zeréckgegraff.
Beim Lëtzebuerger Julien Landers waren dëst nieft deenen zwee Flichtstécker vum Johann Sebastian Bach "Allein Gott in der Höh sei Ehr" a vum spuenesche Komponist Pablo Bruna "Tiento de secondo tono por ge sol e ut sobre la Letanía de la Virgen".
Déi koreanesch Organistin Hyewon Jeong huet fir hire perséinleche Programm dem Georg Muffat seng "Toccata Septima" aus dem "Apparatus musico-organisticus" an dem Jean-Adam Guilain säin "Tierce en taille" aus der "Suite du 2ème ton" erausgesicht.
Dir kënnt dëse Concert nach bis den 11. Dezember 2026 an eiser Opus-Mediathéik nolauschteren.
Programm an Interpreten:
Christophe Preiß (Uergel)
- Nicolas de Grigny (1672-1703): Ave maris stella, Plein jeu à 5 - Fugue à 5 - Duo - Dialogue sur les grands jeux
- Paul Kayser (1979): Suite op 'Ave Maris Stella'
- Johann Sebastian Bach (1685-1750): Nun komm der Heiden Heiland, BWV 659
- Georg Muffat (1653-1704): Toccata decima, aus 'Apparatus musico-organisticus'
- Benoît Mernier (1964): Invention No.5, aus 'Cinq Inventions pour orgue'
Julien Landers (Uergel)
- Nicolas de Grigny (1672-1703): Ave maris stella, Plein jeu à 5 - Fugue à 5 - Duo - Dialogue sur les grands jeux
- Johann Sebastian Bach (1685-1750): Allein Gott in der Höh sei Ehr, BWV 663
- Pablo Bruna (1611-1679): Tiento de secondo tono por ge sol e ut sobre la Letanía de la Virgen
- Paul Kayser (1979): Suite op 'Ave Maris Stella'
Hyewon Jeong (Uergel)
- Georg Muffat (1653-1704): Toccata septima, aus 'Apparatus musico-organisticus'
- Jean-Adam Guilain (c. 1680-1739): Tierce en taille, aus 'Suite du 2ème ton'
- Nicolas de Grigny (1672-1703): Ave maris stella, Plein jeu à 5 - Fugue à 5 - Duo - Dialogue sur les grands jeux
- Paul Kayser (1979): Suite op 'Ave Maris Stella'