De Programm vun dësem Concert aus dem Gewandhaus zu Leipzig verbënnt zwou ganz ënnerschiddlech Geschichten: Déi vum Sergei Rachmaninow an déi vum Dmitri Schostakowitsch. Béid Komponisten hu sech zu entscheedende Momenter an hirem Liewen a perséinleche Krisen erëmfonnt. A béide Fäll gouf d’Musek zu engem Wee aus dëse schwéiere Phasen eraus – a schliisslech zum Ausgangspunkt vun engem groussen Duerchbroch.
Dem Rachmaninow säin zweete Pianosconcerto huet de Komponist aus enger déiwer Schafenskris erausgefouert, déi vu staarke Selbstzweifel gepräägt war.
Dem Schostakowitsch seng 10. Sinfonie dogéint ass 1953 nom Doud vum Stalin entstanen a gëtt oft als musikalesche Befreiungsschlag no Jore vu politeschem Drock interpretéiert.
Gespillt ginn déi zwee Wierker vum Gewandhausorchester Leipzig ënner der Leedung vum Andris Nelsons. D'Solistin um Piano ass d’Yulianna Avdeeva.
Programm:
Sergei Rachmaninow (1873-1943): Concerto fir Piano Nr.2 an Do Mineur, Op. 18
Dmitri Schostakowitsch (1906-1975): Prélude a Mi Mineur Nr. 4 aus '24 Préluden a Fugen, Op. 87'
Dmitri Schostakowitsch (1906-1975): Sinfonie Nr.10 a Mi Mineur, Op. 93
Interpreten:
Yulianna Avdeeva (Piano)
Gewandhausorchester Leipzig
Andris Nelsons (Dir.)