Säin éischte Stopp vum zweete Dag féiert de Poopst an d'Maison Bakhita, ee bischöfescht Haus fir Mënsche mat Migratiounshannergrond ze ënnerstëtzen. De Poopst huet de Moie kloer Wieder fonnt.
"D'Geschicht vun der Kierch a vun der Mënschheet ass net vun deene geschriwwen, déi maache wéi wa se gewanne géifen andeems se Plaz anhuelen. Mee et sinn déi, déi d'Plaz maachen, déi Friddensprozesses an d'Weeër leeden, déi Vertraue vermëttelen an d'Liewen encouragéieren."
Poopst äussert sech méi dacks politesch
Säi Besuch op Plaze wou Mënsche mat verschiddenen Originne liewen, gëlt als ee wichtege Message vum Poopst u Frankräich, ier an e puer Méint eng nei Presidence gewielt wäert ginn, heescht et vun de Responsabelen op der Plaz.
Zënter datt hie Poopst ass am Mee 2025 notzt hie seng ëffentlech Optrëtter fir politesch Messagen ze ginn. Ënner anerem dem US-President Donald Trump seng Politik steet ëmmer nees an der Kritik vum Poopst.
Gëschter war den Optakt vu senger Visitt a Frankräich. Eng 300.000 Mënschen hu sech versammelt fir de Papamobil vum Poopst ze begréissen. Déi Zuelen deelt de Vatikan mat.