Et wier een an enger immens schwéierer Situatioun, sot de Wirtschaftsminister Roland Lescure gëschter op der Pressekonferenz. Dofir wéilt de Staat ënnerstëtzend wierken.
Fëscher kréie 35 amplaz 25 Cent op de Liter Sprit
Konkret heescht dat, datt zum Beispill d’Finanzsprëtz fir Persounen, déi berufflech vill ënnerwee sinn a wéineg verdéngen, bis un d’Enn vum Joer verlängert gëtt an sech och verduebelt an erweidert.
Bis elo kruten dräi Millioune Persounen 100 Euro fir sechs Méint. Elo sinn et 100 Euro fir dräi Méint fir 5,5 Millioune Persounen.
Och d’Prime Carburant, déi d’Betriber ausbezuele kënnen, fir d’Käschte vum Aarbechtswee ze couvréieren, geet an d’Luucht. De Plaffong vun dëser steier- a cotisatiounsfräier Prime läit elo bei 1.000 Euro d’Joer an net méi bei 600 Euro wéi bis elo.
Och d’Wirtschaft gëtt nach méi staark ënnerstëtzt. Fir d’Fëscher, déi an de leschte Wochen ëmmer nees gestreikt haten, ginn et 35 amplaz 25 Cent Hëllef op de Liter Sprit. Och d’Landwirtschaft an de Bausecteur kréien esou gehollef. D’Betriber kënnen och e Prêt iwwer 50.000 Euro zu Null Zënsen ophuelen.
Transportsecteur gëtt net ënnerstëtzt
Keng Hëllef méi kritt allerdéngs d’Transportbranche. De Wirtschaftsminister sot, d’Camionschauffere kéinten d’Käschten un d’Clientë weiderginn. Fir de Jean-Claude Barcos vum Verband vun de Chaufferen ass dat onverständlech, wéi hien de Moien op France Inter sot.
Och d’Gewerkschaft CGT an de Bauereverband FNSEA soten, déi proposéiert Mesure géinge bei Wäitem net duergoen, fir d’Leit ze entlaaschten. Et misst een d’Hëllef op d’mannst verduebelen.