An hirer Héichbuerg Hénin-Beaumont, am Norde vu Frankräich, huet d’Marine Le Pen gëschter eng éischte Kéier hier Walkampfprioritéite presentéiert.
Méi einfach Kreditter fir Wunnengskaf
Virun allem de Logement wier fir si eng absolut Prioritéit a wier am Fall vun enger Presidentschaft e Kärpunkt vun hirer Amtszäit. Hei wëllt d'RN-Leaderin Bürokratie an Normen ofbauen an de Wunnengskaf encouragéieren. Zum Beispill an deem Banke gezwonge solle ginn, de Léit mei einfach Kreditter ze accordéieren.
Och soll e strikt Gesetz géint d’Besetze vun eidelen Haiser kommen an d’Famillje vu Kriminelle sollen aus Sozialwunnenge geheit ginn.
Niewent dem Logement stoungen och d’Kafkraaft an d’Energiepräisser am Fokus vun der Marine Le Pen hirer Ried. Insgesamt war et een Optrëtt, bei deem et virun allem ëm déi sozial Froe goung, a manner ëm d’Immigratioun, déi normalerweis am Fokus vum RN steet.
Fransouse solle prioritär behandelt ginn
D’Marine Le Pen sot, datt béi all Mesure a virun allem beim Logement eng “priorité national” muss gëllen: All Fransouse sollen an hirem Land prioriséiert ginn.
Et dierft net zu engem Frankräich "à deux vitesses" kommen, esou d’Marine Le Pen, déi sot, et misst een all déi sozial Kämpf féieren.
Amplaz sech als réng migratiounskritesch Partei ze presentéieren, schéngt et wéi wann d’Marine Le Pen mat hirem Optrëtt virun allem hir sozial Säit an de Fokus wollt récke fir sech eng néi Wielerschaft ze erschléissen.
Och déi kontrovers Propose wéi de Verbuet vum Voile oder eng Reduzéierung vun der Hëllef fir d’Ukrain huet si gëschter ignoréiert.
An de Sondagë läit den RN den Ament wäit virun den anere Parteien op der éischter Plaz a kënnt elo op 16,5 Prozent.
Och déi lénk Partei huet däitlech Gewënn gemaach a kënnt elo op bal 6 Prozent.