Zënter 18 Joer war kee Poopst méi zu Paräis. D’Visitt haut ass deemno duerchaus historesch. De Poopst wäert de Moien an der Haaptstad landen, wou hie vum President Emmanuel Macron empfaange gëtt, éier et an den Elysée geet, fir eng Entrevue.
Marathon fir de Poopst
Et ass den Optakt vun engem Marathon fir de Poopst, dee ganzer 26 rendez-vousen a véier Deeg huet. Haut am Nomëtteg wäert de Poopst am Papamobil am sechsten Arrondissement zu Paräis ënnerwee sinn.
1 Millioun Persoune ginn hei erwaart. Eng Erausfuerderung fir d’Stad Paräis, déi d’Sécherheet vum Poopst garantéiere muss, och wann et keng konkret Gefor gëtt, wéi den Inneminister Laurent Nunez géigeniwwer France Télévision erkläert hat.
Usprooch am Stade de France
14.000 Sécherheetsbeamte sinn haut am Asaz, genee wéi 2.500 Pompjeeën. Den Zentrum vu Paräis gëtt groussflächeg ofgespaart a mat Dronen iwwerwaacht. Den Owend wäert de Poopst dann am Stade de France virun 80.000 Jonke schwätzen.
Muer ass et eng Mass op der Place de la Concorde, éier et da weider op Lourdes a schliisslech e Méindeg no un de Grand-Duché, nämlech op Metz, geet.