International

Zeeche setzen: Emmanuel Macron trëfft de kanadesche Premier Mark Carney

De franséische President Emmanuel Macron ass den Ament am Iwwerséigebitt Saint-Pierre-et-Miquelon, dat virun der kanadescher Insel Neifundland läit. Hie kënnt do och mam kanadesche Premier Mark Carney zesummen. Ënner anerem fir een Zeeche géint dem Donald Trump seng Expansiounsfantasien ze setzen. 

auto_stories

2 min

© EPA/YOAN VALAT
(Foto: EPA/YOAN VALAT)

Eng 6.000 Awunner zielt déi kléng franséisch Inselgrupp Saint-Pierre-et-Miquelon an awer huet dëst Iwwerséigebitt den Ament eng immens wichteg strategesch Bedeitung. Den Donald Trump hat viru kuerzem e Bild gepost, op deem ganz Mëttel- an Nordamerika, souwéi d’karibesch Inselen, Grönland an Island alleguer Deel vun den USA sinn. 

D’Expansiounsfantasien vum amerikanesche President sinn net nei, mee et war alt nees eng Provokatioun, déi sech och u Frankräich geriicht huet. Direkt no senger Arrivée am Iwwerséigebitt gëschter hat den Emmanuel Macron dofir op enger Pressekonferenz kloergestallt: D’Inselgrupp ass a bleift franséisch, keng Diskussioun!

Froen no EU a Klimawandel

De franséische President huet och ënnerstrach wéi wichteg Saint-Pierre-et-Miquelon fir Frankräich ass - notamment wat déi militäresch a geopolitesch Froen ugeet, wou een enk mat Kanada an och Dänemark zesummeschafft. 

Et ass eng éischt Visitt vum Macron an dësem Iwwerséigebitt an haut ass et och eng éischte Kéier iwwerhaapt, datt ee kanadesche Premier hei ageluede gëtt. Mam Mark Carney wëll de Macron iwwer wirtschaftlech a militäresch Kooperatioun diskutéieren an och een Zeeche vun Zesummenhalt setzen. Ëmsou méi de kanadesche Premier sech oppe weist säi Land méi no un d’EU ze bannen. 

Niewent de wirtschaftlechen a geopolitesche Froe wäert awer och de Klimawandel am Fokus vum Macron senger Visitt stoen. E ganzt Duerf muss hei geplënnert gi well de Mieresspigel an d’Luucht geet.